Wikidata:Accessibilitéit

From Wikidata
Jump to navigation Jump to search
This page is a translated version of the page Wikidata:Accessibility and the translation is 83% complete.
Outdated translations are marked like this.

Dës Säit soll d'Benotzer iwwer d'Accessibilitéit vu Wikidata informéieren. Accessibel sinn heescht datt Leit mat Handicappen Wikidata erfaassen, verstoen, benotze kënnen. Si sollen och mat Wikidata interagéieren a bäi Wikidata matschaffe kënnen. Déi haaptsächlech Betraffe si Leit déi blann sinn oder net gutt gesinn a Leit mat physesche Behënnerungen.

Als generell Richtlinn probéiere mir eis un d'Niveauen "AA" an "AAA", do wou et méiglech ass, vu WCAG 2.0 (en ISO-Standard fir Webaccessibilitéit) ze halen.

Och wa bis den Dezember 2012 Accessibilitéit vu Wikidata net am Detail ënnersicht ginn ass esou schéngt et awer wéi wa Wikidata eng zimlech gutt Accessibilitéit huet. D'Tabellen an déi interaktiv Elementer schénge korrekt vun der Software formatéiert ze ginn. Well d'Benotzer nëmme spezifesch Formulaire mat Text ausfëlle kënnen, kënne si d'Accessibilitéit deen Ament net futti maachen. Gréisser Verbesserunge vun der Accessibilitéit sinn nëmmen duerch Ännerungen un der Software méiglech - et ass also un de Software-Entwéckler.

Kuckt och